02.02. Sou Liichtmëss du en Ënnerscheed (Transition Days)

Am leschte Joer huet sech fir jidfereen vill verännert an d‘COVID19-Pandemie huet eis gewisen, dass Wandel och am Grousse Ganzen elo a ganz séier méiglech ass. Awer wat maache mir doraus fir eis Zukunft, eenzeln an alleguerten zesummen?
De Grupp “Zesumme fir d’Agenda 2030” organiséiert op Liichtmëssdag, den 2. Februar 2021 ab 17h eng Wandelschnësstour an der Stad Lëtzebuerg. Op verschiddene Statiounen gëtt et hei d’Méiglechkeet sech iwwert déi verschidde Facetten vum gesellschaftleche Wandel auszetauschen.„Be the change you want to see in the world.“ Getréi deem Motto vum Gandhi, kommt a schnësst mat, begleed vun enger Lanter op Liichtmëssdag, well esou liicht mëss Du en Ënnerscheed!

Aschreiwungen: D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung bis den 29.01 via tiny.cc/liichtmess ass Pflicht (limitéiert Platzen).
Dauer: +/- 1 Stonn, Start tëscht 17 an 18 Auer -> Umeldung
Wou: An der Stad Lëtzebuerg, déi genau Platz gi mir am Laf vun der Woch online a via Email bekannt

Wärend dem Trëppele gëllt d’Maskenpflicht, soubal keng 2 Meter Ofstand méiglech sinn. Opgrond vum Wierder oder de sanitäre Sécherheetsmesurë si kuerzfristeg Ännerunge bzw. de Wiessel op eng online Veranstaltung méiglech. Dëst gi mir rechtzäiteg op eiser Facebook-Säit (https://www.facebook.com/zesummefirdagenda2030/) a via Email bekannt.
Bei Froe mëllt Iech beim Jeff Donckel: sensibilisation@aein.lu.

Mir freeën eis op Iech an op ee kreativen a spannenden Austausch!

Print Friendly, PDF & Email