ANNULATIOUN VUN ONSEM BAZAR 2021 – OPRUFF FIR DONEN

Léif Donatricen an Donateuren,

Léif Frënn vun AEIN,

Wéinst der Covid-19-Pandemie, déi weiderhin d’Liewen an d’sozial Kontakter vun eis alleguerten iwwerall op der Welt bestëmmt, hu mer leider mussen d’Entscheedung huelen, déi 43. Editioun vun eisem traditionnelle Basar, deen dëse Mount am Centre culturel zu Sandweiler hätt solle stattfannen, ofzesoen.

Eng noutwenneg Decisioun, déi eis awer net liicht gefall ass, well eis dësen Evenement erlaabt, Iech, eis trei Sympathisanten, all Joer erëm ze gesinn an eis Associatioun esou wéi eis indesch an nepalesesch Partenairen neien Interesséierte virzestellen.

Mir wëllen Iech Merci soe fir Är kontinuéierlech Ënnerstëtzung. Et ass nëmme mat Ärer Hëllef, dass mir eiser Missioun gerecht kënne ginn an déi vulnérabelst Populatiounen an Indien an am Nepal kënnen ënnerstëtzen, dëst Joer ganz besonnesch indigen Bewunner vu 54 Dierfer am indesche Bundesstaat Jharkhand esou wéi d’Meedercher an d’Fraen, fréier Opfer vu Gewalt, aus 3 Municipalitéiten am Nepal.

All Don (Mentioun : Don Bazar annulé ) fir d’Ënnerstëtzung vun den um Flyer präsentéierten Actioune gëtt dankbar ugeholl.

Merci, am Numm vun alle Beneficiairen,

An hoffentlech bis geschwënn a besseren Ëmstänn,

Kathleen Ludwig

Präsidentin AEIN

Print Friendly, PDF & Email