D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ënnerstëtzt e Projet an Indien mat 1‘300 EURO

Den 2. Juni 2018 hat d’Chorale Ste Cécile Hueschtert, an Kollaboratioun mat der Chorale Réunie Donven – Flussweiler, op e Concert Spirituel an d’Kierch vun Hueschtert invitéiert. D’Quête war fir Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN). Nom Concert hat d’Gemeng Nidderaanven op e Patt invitéiert, wou dunn och déi offiziell Scheckiwwerreechung stattfonnt huet. Eng stolz Zomm vun 1’300 EURO ass deen Owend gespent ginn, déi integral an en Educatiounsprojet am Bundesstaat Orissa fléisst.

Den Objektiv vum Projet, deen vun onsen Partenairen PECUC an SIKSHASANDHAN op der Platz ëmgesat gëtt, ass et an 50 Dierfer zu Keonjhar an Majhurbanj pro Joer 100 Ex-Kanneraarbechter erëm an den Schoulsystem ze integréieren, an méi wei 1‘000 Kanner tëschent 3 an 18 Joer eng Qualitéitseducatioun ze erméiglechen.

D’Presidentin vun AEIN, Madame Liliane Ries, an Direktesch Françoise Binsfeld hunn den zwou Chorallen, der Gemeng Nidderaanven an den villen Nolauschterer e ganz groussen Merci fir hir Ennerstëtzung ausgeschwat.

Print Friendly, PDF & Email