Den Ladies Golf Club Kikuoka ënnerstëtzt AEIN

Am August hunn d’Dammen vum Kikuoka Golf, sou wéi all Joer, en Charity-Tournoi organiséiert.

Am Kader vun enger Soirée um Kikuoka Golf konnt dunn e Chèque vun EUR 3.750.- un d’Organisatioun Aide à l‘Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN), iwwerreecht ginn. Dëss Suen fléissen integral an Projeten an Indien an am Nepal, déi den äermsten Leit, déi vun der Covid-Pandemie betraff sinn, ënnert d’Ärem gräifen.

D‘Francoise Binsfeld, Directrice vun der ONG,  huet den Dammen an engem interessanten Exposé d’Aarbecht an d‘Projeten vun der Associatioun virgestallt.

Print Friendly, PDF & Email