D’Fraen a Mammen Hamm ënnerstëtzen Kanner am Jharkhand, Indien

Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN) seet den Fraen a Mammen Hamm e ganz groussen MERCI fir hir finanziell Ënnerstëtzung vun 1‘250 EUR déi Si onsem Projeten am Bundesstaat Jharkhand an Indien ze gutt kommen loossen.

Dësen generéisen Don dréit derzou bäi dass 1000 indigene Kanner am Distrikt Parkur eng gutt Schoulausbildung kréien, an 100 Kanner kennen an 12 Crèchen encadréiert ginn fir hir Ernährung an Gesondheet ze verbesseren.  

Méi Infoen zum Projet ënnert https://www.aein.lu/education-sante-adivasi/.

(Foto: Fraen a Mammen Hamm)

Print Friendly, PDF & Email