D’Gemeng Stroossen ënnerstëtzt Projeten vun AEIN

Den 1. Juli 2021 huet d’Gemeng Stroossen eng festlech Scheckiwwerreechung organiséiert. Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN) an 5 aner karitativ Organisatiounen konnte sech iwwert en generéisen Don vun der Gemeng freeën.

Den Julien Vinciotti, Vizepresident vun AEIN, an den Roger Molitor, Member vum Verwaltungsrot vun AEIN, hunn e Scheck vun 4000€ entgéint geholl. D’Suen kommen den äermsten Leit an Indien an am Nepal ze gutt déi ganz haart vun der Covid Pandemie getraff goufen.

Print Friendly, PDF & Email