Diddeleng Hëlleft ënnerstëtzt en Agrikulturprojet an Indien

An engem reduzéierte Kader an ënner Anhale vun de Covid-Mesuren goufen den 28. September déi 5 nei “projets phares” vun Diddeleng Hëlleft der Press virgestallt.

Stellvertriedend fir déi insgesamt 29 ONGen an Associatiounen, déi 2020 vun Diddeleng Hëlleft ënnerstëtzt ginn, hunn d’Vertrieder vun de projets phares, dorënner och Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal, den traditionelle symbolesche Chèque entgéintgeholl. Esou huet Diddeleng Hëlleft am 25. Gebuertsdagsjoer mat 86.112€ esou vill gespent wéi nach ni virdrun. E wichtegt Zeechen an dësem schwierege Joer, ënnert deem virun allem déi schwächst vun der Welt vill ze leiden hunn.

Am Numm vun AEIN an den Bénéficiairen vun onsem Agrikulturprojet Padi Pantalu am Distrikt Chittoor vum Bundesstaat Andhra Pradesh an Indien soen mir Diddeleng Hëlleft e ganz grousse MERCI fir hiren generéisen Don vun 6.000€.

(Photo: Raymond Schmit)

Print Friendly, PDF & Email