D’Jeunes Mamans vun Miersch ënnerstëtzen en Projet an Indien mat 3’150 EURO

Den 1. Juni 2018 hunn d’Jeunes Mamans vun Miersch eng festlech Scheckiwwerreechung am Veräinshaus organiséiert. 5 Organisatiounen, dorënner och Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN), kruten en Scheck aus dem Erléis vum Second Hand an dem Verkaf vun Popcorn iwwerreecht.

Den Don vun 3‘150 EURO fléisst an en Gesondheetsprojet vun onsem lokalen Partner „Daughters of the Cross“ am Bundesstaat Gujarat an Indien, wou an 95 Dierfer d‘Gesondheetsservicer an d’Nutritioun vun der indigener Bevëlkerung verbessert ginn.

Am Numm vun den Beneficiairen an AEIN hunn d’Presidentin, Mme Liliane Ries, an d’Direktesch, Mme Françoise Binsfeld, dem Comité vun den Jeunes Mamans, dem Här Biever an den villen Benevollen vum Second Hand Verkaf en ganz groussen Merci ausgeschwat fir hier Ënnerstëtzung.

Fotoen: Charles Reiser

Print Friendly, PDF & Email