D’Massendénger aus der Kathedrale Notre-Dame ënnerstëtzen Jugendlecher an Indien

D‘Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg asbl, e Grupp vu Jugendlechen a Jonken (14 -30 Joer) déi de liturgeschen Dingscht bei Bëschofsmassen garantéieren, hunn 2020 erëm e flotte Kalenner verkaaft. De Kalenner gouf mat Fotoe vun hiren Aktivitéiten a vu Motiver aus Lëtzebuerger Kierchen erstallt. D’Hallschent vum Erléis geet un Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN).

Den 25. Mäerz hunn de Philippe Thorn an de Marc Loewen stellvertriedend fir de Grupp e Scheck vun 1 150€ un Direktesch vun AEIN, dem Françoise Binsfeld, iwwerreecht. Des Suen fléissen integral an e Projet am Bundesstaat Jharkhand, wou 648 indesch Jugendlecher eng Beruffsausbildung kréien, an sensibiliséiert ginn iwwert den Klimawandel, Gläichberechtegung tëschent Fraen a Männer, demokratesch Rechter an administrativ Prozesser fir  Zougang zu Regierungsprogrammer ze kréien.

AEIN seet de Grands-Clercs e ganz grousse MERCI fir hiren generéisen Don an hiren Asaz fir indeschen Jugendlecher eng besser Zukunft ze erméiglechen!

Print Friendly, PDF & Email