Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer spenden 3‘205€ fir Indien

D’Schüler vun der 4ième C1 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer hunn sech dëst Schouljoer an hirem Klasseprojet mam Thema Indien beschäftegt, an besonnesch mam Impakt vum Covid op déi vulnerabelst Leit an den Stied an Dierfer an Indien.

Fir sech solidaresch mat den Äermsten an Indien ze weisen, hunn d’Schüler e flotte Stickeralbum mat Fotoen vun den Proffen an dem Personal aus dem Lycée geschaf an fir e gudden Zweck verkaf. Ausserdeem hunn se e flotte Video zesummegestallt an deem se hiren Klasseprojet virstellen.

Duerch den Verkaf vun 300 Albumen ass eng Zomm vun 3‘205€ zesummen komm, déi d’Schüler un Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN) gespent hunn.

D’Suen fléissen integral an e Projet am Bundesstaat Jharkhand, wou 150 aarmen Familljen aus dem Distrikt Koderma, déi staark vum Covid getraff goufen, mat Iesswueren, Masken an aner Hygiensproduiten ënnerstëtzt ginn. 30 Familljen kréien och Geseems fir e Geméisgaart unzebauen.

AEIN seet de Schüler aus der 4ième C1 an der ganzer Schoulcommunautéit vum Lycée Josy Barthel e ganz grousse MERCI fir hiren Asaz an hiren generéisen Don fir déi vulnerabel Leit an Indien!

Print Friendly, PDF & Email