Spendenopruff fir deenen Äermsten an Indien an am Nepal ze hëllefen

Déi zweet Covid-19 Welle huet Indien säit e puer Wochen fest am Grëff an bréngt den Gesondheetssystem un den Rand vum engem Kollaps. All Dag ginn bis zu 400.000 nei Fäll registréiert, mat insgesamt mei wéi 262.000 Doudesfäll an 25 Milliounen Covid-Infektiounen.

Den Nepal, deen eng oppe Grenz mat Indien deelt, ass och ganz schwéier vun der zweeter Covid-Welle getraff. Den Nepalesesche Gesondheetssystem brécht ënnert der Zuel vu Patienten an engem Mangel u Spidolsbetter, Sauerstoff, Medikamenter, Dokteren a Gesondheetspersonal zesummen. De klengen Himalaya Staat huet aktuell méi wéi 8.500 nei Infektiounen pro Dag, mat engem Positivitéitstaux vun iwwer 45%.

Am Dringensten ginn an onsen Projetsgéigenden Sauerstofffläschen, Oximeter, Masken, Desinfektiounsmëttel an Iesswueren gebraucht.

Mir brauchen Är Ënnerstëtzung fir séier ze handelen an de vulnerabelsten Leit (Kanner, Fraen an eeler Leit) an den ländlechen Géigenden an Indien an am Nepal ze hëllefen.

All Don gëtt dankbar ugeholl:

CCPL LU03 1111 0367 5084 0000, mat der Kommunikatioun ‘Covid-19’

online : www.aein.lu/faites-un-don/

oder via Digicash:

Merci am Numm vun alle Beneficiairen!

Print Friendly, PDF & Email