30. November : Presentatioun vum neien Nepalkoffer

Léif Frënn vun AEIN, léif Frënn vun ONGD-FNEL,

léif Interesséiert um Globalen Léieren,

 

AEIN an ONGD-FNEL lueden Iech op eis Lunch-Presentatioun vum neien Nepalkoffer an.

D’Presentatioun ass am CITIM, 55, avenue de la Liberté, L-1931 Luxembourg, den 30.11. vun 12h15-13H30.

Mir suergen fir ee klenge Mëttegsnack. Mellt Iech dofir iwwer Email un bei: sensibilisation@aein.lu oder julie@ongd-fnel.lu

D’AEIN an d’ONGD-FNEL hunn an Zesummenaarbecht zwee pädagogesch Kofferen iwwert den Nepal zesummegestallt. Mir wëllen mat deene Kofferen ob verschidden Aart a Weis de Kanner dat schéint Land e bëssen méi no bréngen.

Mir hoffen Iech dowéinst den 30. November am Citim ze treffen. Brengt jiddwereen mat, deen interesséiert kinnt sinn.

 

Léif Gréiss,

D’Equippen vun AEIN an ONGD-FNEL

 

Print Friendly, PDF & Email