D’Fraen a Mammen Cliärref ënnerstëtzen Fraen a Meedercher an Indien an am Nepal

Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN) seet den Fraen a Mammen Cliärref e ganz groussen MERCI fir hir finanziell Ënnerstëtzung vun 2‘500 EUR déi Si onsen Projeten ze gutt kommen loossen.

Mat dësem generéisen Don kënnen mir déi vulnerabelst Populatiounen an Indien an am Nepal ënnerstëtzen, an dëst Joer ganz besonnesch indigen Bewunner vu 54 Dierfer am indesche Bundesstaat Jharkhand esou wéi d’Meedercher an d’Fraen, fréier Opfer vu Gewalt, aus 3 Municipalitéiten am Nepal.

Print Friendly, PDF & Email