Nepal Festival Samschdes den 1. Oktober 2022 am Home FNEL

Dir hutt Loscht eng kleng Entdeckungsrees ze maachen an dobai an eng aner Kultur anzedauchen ? Dann haalt Iech den 1. Oktober 2022 frei an kommt op den éischten « Festival Népal » fir déi verschidden Facetten vun dem beandrockenden Land kennenzeléieren.

Wou: Um Site vun der FNEL – 61a, rue de Trèves, L-2630 Luxembourg

Programme:

*12h – 13h : Ouverture

*13h -13h20 : Projektioun vum Film « Rajani »

*14h – 15h30 : – Open exchange – « Improvements and future challenges for girls rights in Nepal » with Mrs. Irada Gautam and Mrs Sulochana Suwal (EN)

  • Atelier Nepalkoffer fir Kanner
  • Atelier d’initiation à l’art Mithila

*15h30-17h30: Kachatelier (Umeldung néideg)

*16h-17h30: – Projektioun vum Film « Belmaya » (EN)

  • Atelier Nepalkoffer fir Kanner
  • Atelier d’initiation à l’art Mithila

*18h-18h45: Concert mat nepalesescher Musek

*19h: Ofschloss

Den ganzen Dag iwwer: traditionell Dänz, Fotoexpo « From Tibet to Nepal », Informatiounsstänn, Spiller dobaussen

Fir nepalesescht Iessen an Gedrénks ass den ganzen Dag iwwer gesuergt (payant)

Den Entrée ass gratis

Mir freeën eis op Iech!